Solar Maximum Mission
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Solar Maximum Mission (SMM), oder SolarMax genannt, war eng Satelittemissioun vun der NASA fir d'Observatioun vun eiser Sonn, besonnesch awer vu Sonneneruptiounen. De Sattelit gouf vun der Firma Fairchild gebaut an de 14. Februar 1980 um 15:57 Auer UTC mat enger Delta-Rakéit gestart. D'Solar-Maximum-Missioun war den 2. Dezember 1989 eriwwer, wéi de Satellit an d'Äerdatmosphär agetratt ass an do vergloust ass.
Solar Max | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 1980-014A |
Apogeum | 512 km |
Perigeum | 508 km |
Bunnschréi | 28,5 ° |
Mass | 2315 kg |
Gréisst | 4 m laang |
Bunn-Ëmlafzäit | 94,8 min |
Start | 14. Februar 1980 |
Startplaz | Cape Canaveral LC-17 |
Drorakéit | Delta 3910 |
Status | vergloust den 2. Dezember 1989 |