Insel am Mëttelmier déi zu Italie gehéiert From Wikipedia, the free encyclopedia
Sizilien (ital. Sicilia) ass eng Insel am Mëttelmier déi zu Italie gehéiert.
Sizilien | |
---|---|
Geographie | |
Land | Italien |
Koordinaten | 37°35'59,85"N, 14°0'55,36"O |
Fläch | 25.711 km² |
Héchste Punkt | Etna () |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Italien |
Haaptuert | Palermo |
Demographie | |
Awunner | 4.983.478 |
Awunnerdatum | 2019 |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | UTC+1, UTC+2 |
Sizilien huet eng Fläch vu knapp 26.000 km² an eppes manner wéi 6 Milliounen Awunner. Nodeem griichesch Siidler vu 750 v. Christus der Insel hire Cachet opgedréckt haten, koum Sizilie successiv wärend begrenzten Zäiten ënner d'Herrschaft vun de Réimer, de Goten, de Byzantiner, den Araber, den Normannen, de Bourbonen an de Spuenier. Eréischt 1860 ass Sizilien duerch de Garibaldi an italieenesch Hand komm.
D'Haaptstad vu Sizilien ass Palermo. Aner grouss Stied a Sizilie sinn:
All dës Stied an doriwwer eraus, och Taormina, gi vun den Touriste staark besicht.
Un der nërdlecher Spëtz vu Sizilie läit Messina. Dës Spëtz ass vum kontinentalen Italien, méi genee vu Calabrien, duerch eng schmuel Mieresstrooss, d'Strooss vu Messina, getrennt.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Politesch gesinn, ass Sizilien an néng Provënzen ënnerdeelt: Agrigent, Caltanissetta, Caltania, Enna, Messina, Palermo, Ragusa, Syracus an Trapani.
Den héchste Bierg op Sizilien ass den Etna mat 3.323 Meter, de gréissten an aktiivste Vulkan an Europa. De Stromboli, den zweeten aktive Vulkan, steet op der Insel mam selwechten Numm nërdlech vu Messina.
D'Leit op Sizilien schwätzen eng sizilianesch Variant vum Italieeneschen. Déi grouss Majoritéit si Katholicken. Ongeféier eng Millioun Sizilianer liewen am Ausland.
Commons: Sizilien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.