Siwe Weltwonner
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Siwe Weltwonner si berüümt Bau- a Konschtwierker aus der Antiquitéit. D'Historiker si sech eeneg ginn, datt et der siwe sinn an zwar:
- Pyramide vu Gizeh, Gizeh (Egypten), goufen ëm 2590-2470 v. Chr. gebaut a sinn nach erhalen.
- Zeusstatu vum Phidias Olympia (Griicheland),am 5.Jahrhonnert. v. Chr.gebaut, 262 n. Chr. duerch Brand zerstéiert.
- Artemis-Tempel vun Ephesus (Tierkei), am 6. Jh. v. Chr. gebaut, 262 n. Chr. zerstéiert.
- Mausoleum vun Halikarnassos (Tierkei), ëm 325 v. Chr. gebaut, ganz zerstéiert.
- Hänkeg Gäert vu Babylon (Irak), Baujahr onnbekannt, ganz zerstéiert.
- Koloss vu Rhodos Rhodos (Griicheland), 292-280 v. Chr. gebaut, 224 v. Chr. zesummegebrach.
- Liichttuerm vu Pharos, Alexandria (Egypten), 270 v. Chr. 1375 gebaut, duerch en Äerdbiewen zerstéiert.