Sireen (Apparat)
Apparat deen en akusteschen Alarm vu sech gëtt / From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Sireen ass en Apparat deen en akusteschen Alarm oder eng Warnung vu sech gëtt. An der Reegel handelt et sech ëm en Tuten oder Haulen dat op- an ofschwëllt. Am ëffentleche Raum ginn d'Sireene gebraucht fir d'Pompjeeën z'alarméieren oder d'Zivilbevëlkerung am Fall vun enger Katastroph ze warnen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem akustesche Warnapparat Sireen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sireen. |
Hiren Numm krut d'Sireen am Joer 1819 vum Charles Cagniard de Latour dee säi Moossinstrument fir Téin , als Referenz un d'Sireen aus der griichescher Mythologie sou genannt hat.