Screen Actors Guild Awards
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Screen Actors Guild Awards, kuerz och SAG Awards, sinn eng Auszeechnung fir Film an Televisioun an den USA.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/54/The_Actor_Statuette_%28SAG_Awards%29.jpg/170px-The_Actor_Statuette_%28SAG_Awards%29.jpg)
Si gi vun der Screen Actors Guild-American Federation of Television and Radio Artists organiséiert, der Gewerkschaft vun de Persounen, déi ënner anerem an der Film- an Televisiounsindustrie schaffen.
All Joer gëtt et eng Zeremonie, an där d'Gewënner a 15 Kategorië geéiert ginn, dorënner sechs am Beräich Film an néng am Beräich Televisioun. D'Gewënner kréien déi sougenannte "Actor"-Statu, déi e Mann, mat enger Mask déi laacht, an där enger Hand an enger traureger Mask an där anerer Hand duerstellt.
Zënter 1995 zielen d'SAG Awards zu de wichtegen Auszeechnungen zu Hollywood.