From Wikipedia, the free encyclopedia
E Schong (regional: Schung), vum Alhoudäitsche scuoh, ass déi gängegst Zort Gezei fir de Fouss. Seng éischt Funktioun ass et, fir de Fouss géint Verletzungen, Keelt a Knascht ze schützen.
E Schong setzt sech gewéinlech zesummen aus engem méi haarden Deel op der ënneschter Säit, der Suel, déi d'Fousssuel schützt, a meeschtens um Deel vun der Feescht duerch en Tallek méi oder manner liicht gehéicht ass, an aus engem ieweschten Deel, deen aus engem méi mëlle Material ass (traditionell aus Lieder, haut och aus Konschtlieder oder Stoft), an deen dat Iewescht vum Fouss ëmwéckelt an em Halt gëtt.
Deen eelste Schong, dee bis ewell fonnt gouf, ass 5500 Joer al a gouf an enger Hiel am Aserbaidjan fonnt.
Schong hunn, als Gezei, och e moudeschen Aspekt, soudatt Form, Faarf, asw. ëmmer nees geännert hunn. Och jee no Funktioun variéiert hir Form an Zesummesetzung.
Schong goufen traditionell, als Handwierk, vun engem Schouster gemaach. Bis op wéineg Ausname geschitt dat haut an industrieller Masseproduktioun. 2009 goufe 56 % vun alle Schong op der Welt a China produzéiert, wou et eng 20.000 Schongproduktiounsentreprisë gëtt, déi direkt eng 3,5 Millioune Leit beschäftegen an all Joer iwwer 10 Milliarde Puer Schong produzéieren. 80 % dovun, an engem Wäert vu ronn 20 Milliarden Euro, ginn an den Export, virun allem no den USA an der Europäescher Unioun.[1]
Commons: Schong – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.