Schmëdd
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Schmëdd ass den Atelier vum Schmadd, an deem Metaller déi sech verforme loossen, duerch Kal- oder Waarmschmidden an der Form an an der Struktur kënne verännert ginn.
Wichtegst Arrichtungsdeeler waren d'Feierplaz fir d'Metall gliddeg an doduerch verformbar ze maachen, an den Amboss fir et do mat engem Hummer a Form ze klappen.