Schluecht vun Austerlitz
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schluecht vun Austerlitz, déi och nach fälschlecherweis Dräikeeserschluecht genannt gëtt (tatsächlech waren nämlech nëmmen zwéi vun den dräi Keeseren um Schluechtfeld present), huet sech den 2. Dezember 1805 um Plateau vu Pratzen, an der Géigend vun der Stad Austerlitz am haitegen Tschechien, ofgespillt an ass wuel eng vun de gréisste Victoiren, wann net déi gréisst, vum Napoleon.
Schluecht vun Austerlitz | |
---|---|
Schluecht vun Austerlitz | |
Datum | 2. Dezember 1805 |
Plaz | Austerlitz (Plateau vu Pratzen) |
Resultat | franséisch Victoire |
Kontrahenten | |
Russland Éisträich |
Frankräich |
Kommandanten | |
Truppen op der Plaz | |
90 000 Männer | 75 000 Männer |
Verloschter | |
Konflikt | |
Koalitiounskricher |
Am August 1805 steet den Napoléon, mat senger Grande Armée, zu Boulogne prett fir an England iwwerzefueren. Mä den Admirol Villeneuve sëtzt zu Cadix fest a kann net mat Zäiten op Boulogne kommen. Den Napoleon ännert du seng Strategie a setzt e Plang op, deen d'Grande Armée virun d'Diere vu Wien brénge soll. Dat loosse sech déi europäesch Muechte Groussbritannien, Russland an Éisträich natierlech net gefalen, an zesumme mat de Schweden, Neapel a Preisen setze si déi Drëtt Koalitioun op. D'Englänner selwer hu sech awer net op de Kontinent gewot, mä hu mat hirem Gold hir aner Koalitiounsmemberen ënnerstëtzt. Frankräich steet quasi eleng géint Europa. No der Victoire vun Ulm de 16. Oktober 1805, marschéiert den Napoléon de 15. November a Wien an, wou sech keng Resistenz weist. Fir datt d'Russen hir Truppen net frësch sammele kënnen, schéckt de Keeser de Murat, de Soult an d'Garde Impériale no vir, fir datt si sollen dem Kutusow de Wee verspären. Den Napoléon ass an enger schwiereger Situatioun: d'Arméi ass wäit vun doheem ewech, an deemools gouf et dacks Problemer bei der Versuergung, a Frankräich selwer gëtt gezielt datt de Keeser d'Staatskeess geplëmmt hätt ier hie sech op de Wee an Däitschland gemaach huet, an de selwechten Dag wéi hien zu Ulm gewënnt, schléit den Nelson d'Fransousen an der Schluecht vun Trafalgar. Eng séier militäresch Decisioun war also wichteg.