fréiert Schlass a Clausen From Wikipedia, the free encyclopedia
La Fontaine ass den Numm vum Schlass vum Péiter Ernest vu Mansfeld, dat dee vu 1563 un a Clausen baue gelooss huet.
Déi eelst Vue vum Mansfeldschlass (1590-1598), eng aquarelléiert Tuschzeechnung déi dem Tobias Verhaecht (1561-?1631) zougeschriwwe gëtt. | |
Typ |
Buerg, zerstéiert Gebai |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Clausen |
Koordinaten | 49°36'51"N, 6°8'36"O |
Bauhär | Péiter Ernest I. vu Mansfeld |
Zu Éiere vun | Péiter Ernest I. vu Mansfeld |
D'Bauaarbechten hu bal 40 Joer gedauert an hunn ugefaangen, wéi de vu Mansfeld a seng zweet Fra, d'Marie de Montmorency, d'Klaus an d'Magréitskapell, déi dozou gehéiert huet, 20 Haiser a weidere Grondbesëtz vun der Abtei Neimënster ofkaaft hunn.
Fir d'Schlass La Fontaine kënnen ze bauen, huet hien d'Strooss tëscht dem Neiduerf a Clausen ënnerbrach an eng nei Trass ronderëm säin Terrain leeë gelooss. Och den alen Déieregaart vun de Grofe vu Lëtzebuerg huet hie gepacht a mat abezunn, an Terrainen, déi der Mënsterabtei gehéiert hunn, mat aneren, déi e kaaft hat, getosch. 1590 gouf ugefaangen, dee ganzen Terrain mat enger Mauer z'ëmfaassen.
Vum Schlass ass haut net méi vill erhalen. Duerch Beschreiwunge vum Jean Guillaume Wiltheim wësse mer, wéi et bannenan dekoréiert war. Op verschiddenen ale Stadpläng, besonnesch op deem vum Jacob van Deventer, ass ze gesinn, wou d'Schlass stoung.
Am Schlassgaart gouf e sougenannte Venusbur ugeluecht. Dëst war e véiereckege Baseng mat hallefkreesfërmegen Absiden, mat an der Mëtt enger Venus, déi op engem Wal geridden ass. Ronderëm stoungen en ettlech Putten- an Déierefiguren, déi Waasser gespaut hunn. Méi spéit gouf nach eng Pergola ronderëm de Baseng ugeluecht.
Dëse Buer, oder wat dovun erhalen ass, ass zanter 2003 vum Staatsmusée am Gaang, ausgegruewen ze ginn. Och e sougenannten Hypaethrum, eng Zort kënschtlech Grottelandschaft, an de Péitrusbur goufen nees fräigeluecht.
Wéi de Péiter Ernest vu Mansfeld 1604 gestuerwen ass, waren d'Aarbechten nach ëmmer net ofgeschloss. Hien huet säi Besëtz, dorënner d'Schlass "La Fontaine", dem spuenesche Kinnek Philippe III. vermaach.
Commons: Chateau Mansfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.