From Wikipedia, the free encyclopedia
Schëppen Damm ass ee Kaartespill dat zu véier mat engem normale Kaartespill vun 52 Kaarte gespillt gëtt.
An dem Spill geet et drëm fir sou wéineg Punkte wéi méiglech ze kréien. Deejéinegen deen um Enn vun der Parti déi mannst Punkten huet, huet se gewonnen. Am Ufank vum Spill gëtt festgeluecht bis wéi vill Punkte gespillt gëtt. Fir datt d'Partie jiddwerengem genuch Méiglechkeete ka ginn, fir säi Kont ze verbesseren soll op d'mannst bis 100 Punkte gespillt ginn. Soubal wéi ee Spiller méi wéi déi Punktenzuel huet, ass d'Parti eriwwer.
Et gëtt keng Reegel wéi d'Kaarte verdeelt ginn. Normalerweis gi se eenzel verdeelt, se kënnen awer och wéi z. B. beim Whist 4-5-4 verdeelt ginn.
Wa jiddweree seng Kaarten huet, kann hien éier d'Spill lass geet engem aneren dräi Kaarten zouschousteren, déi hien net wëllt am Grapp behalen. Beim éischte Spill kritt de lénkse Noper déi. Beim zweete Spill deen de vis-à-vis sëtzt a beim drëtten de rietsen Noper. Beim véierte geet et erëm beim lénksen Noper weider.
D'Spill gëtt vun deem Spiller ugefaangen dee Kräizer Zweetchen huet, an déi muss och gespillt ginn. Et muss bekannt ginn, dat heescht datt wann een eng Kaart vun der Faarf huet déi ausgespillt gouf, muss een déi spillen. Et gëtt keng Tromp am Spill, an am éischten Tour däerf e keng Kaart déi ee Wäert huet opginn (ewechginn).
Um Enn vum Spill ginn d'Punkten déi ee krut zesummegerechent an opgeschriwwen.
Déi héchst Punktenzuel déi een an engem Spill ka kréien ass 25. Dat heescht et hat ee Pech an et huet ee missen 12 Häerzer an d'Schëppen Damm akasséieren.
Wann e vun der Kaart hir en déckt Spill huet an et mengt een datt ee vill Punkte géif kréien, da kann ee probéiere fir d'Kaarten déi ee Wäert hunn all eran ze kréien. Wann een et also fäerdeg bréngt fir déi 13 Häerzer an och nach d'Schëppendamm ze kréien huet een dat Spill gewonnen an déi aner dräi Spiller kréien all 26 Punkten opgeschriwwen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.