From Wikipedia, the free encyclopedia
Sport Lisboa e Benfica - kuerz SL Benfica oder SLB, och dacks Benfica Lissabon genannt, ass e Sportsveräin zu Lissabon deen haaptsächlech duerch seng Foussballsekipp bekannt ass, déi zu den dräi gréissten a Portugal zielt. Mat iwwer 80 Trophäen ass et den éischte Foussballveräin a Portugal, virun sengem grousse Rival, dem FC Porto.
Benfica huet zweemol d'UEFA Champions League gewonnen (1961 an 1962) a stoung bis an d'1980er Jore weider fënnefmol an der Finall.
De Veräin aus der portugisescher Haaptstad ass ee vun de beléiftsten a Portugal, an huet eng ganz Rei Fans iwwerall uechtert d'Welt. Quasi all portugisesch Stad huet eng « Casa do Benfica » (Haus vum Benfica), déi een och an anere Länner fënnt, sou och zu Lëtzebuerg.
De Veräin, deen 1904 gegrënnt gouf, huet ënner anerem och Ekippe fir Basketball, Vëlossport, Volleyball an Handball, vun deene verschiddener mat zu deene beschten a Portugal zielen. D'Veräinsfaarwe si Rout a Wäiss. Mat zirka 267.000 Memberen (2022) ass Benfica no der Memberszuel dee zweetgréisste Sportsveräin op der Welt.
Commons: SL Benfica – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.