Déi réimesch Mythologie beschäftegt sech mat de Virstellunge vun der anticker, réimescher Welt vun de Gëtter an Helden. Déi ursprénglech réimesch Bauererelioun war virun allem vu Personifikatioune vun der Natur a vun Naturereegnisser beherrscht (z. B. Tellus = Äerd, Ops = Karschnatz, Ceres = Kar). Eréischt zanter dem 5. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Réimer, ënner dem Afloss vun den Etrusker, ugefaangen d'Gëtterwelt vun de Griichen unzehuelen. Sou entspriechen e sëllege réimesch Gëtter deenen aus der griichescher Mythologie, mä déi réimesch Mythologie ass net sou staark wéi déi griichesch mat Gëtter an Helde bevëlkert. D'Gläichsetzung vu frieme Gëtter mat hiren eegenen, déi sougenannt Interpretatio Romana ass zum besonnesche Charakteristikum vum réimeschen Ëmgang mat frieme Kulten a Relioune ginn.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Réimesche Pantheon
Haaptgëtter (Dei Consentes)
Numm: Roum | Numm: Griicheland | Funktioun | Kennzeechen |
---|---|---|---|
Jupiter | Zeus | Papp vun de Gëtter, zoustänneg fir Blëtz, Donner a Loft | Aadler, Blëtzbëndel, Zepter |
Juno | Hera | Famillje-Gëttin, zoustänneg fir Hochzäit, Mamm sinn a Gebuert, hëlleft bei Problemer beim Accouchement | Pohunn, kinneklecht Kappduch |
Neptunus (Neptun) | Poseidon | Gott vum Mier, vum Äerdbiewen a vun de Päerd | Dräizack, Sträitwon |
Minerva | Athena | jongfreelech Gëttin vun der Wäisheet, Schutzpatréinesch vun den Helden, de Stiet, dem Akerbau, de Kënscht an de Wëssenschaften, vum Handwierk, vum (strategesche) Krich a vum Fridden | Helm, Schëld, Lanz an Eil |
Mars | Ares | Gott vum zerstéierende Krich a vun de Schluechten | Schwäert, Schëld, Helm |
Venus | Aphrodite | Gëttin vun der Léift an der Schéinheet | Dauf, Muschel, Rimm, Spigel |
Apollo | Apollon | Gott vun der Poesie, vum Liicht, vun de Mais, der Pescht an der Prophetie | Säiteninstrument Kithara, Feil a Bou |
Diana | Artemis | jongfreelech Gëttin vun der Juegd a vum Mound | Feil a sëlwere Bou, Kächer, Hirschkou, Moundséchel |
Vulcanus | Hephaistos | Gott vun de Vulkaner, vum Feier a vun der Konscht vum Schmidden | Hummer respektiv Zaang fir ze schmidden, Handwierkerkap |
Vesta | Hestia | jongfreelech Gëttin vum Feier am Uewen a vum Familljenzesummenhalt | |
Mercurius (Merkur) | Hermes | Gott vun den Déif, vum Handel a vun de Reesenden; Gëtterbuet |
Petasos oder Fligelhelm, Hermesstaf, Fligelschong, Portmonni |
Ceres | Demeter | Äerdgëttin, Gëttin vun der Fruchtbarkeet | Ähren, Fakel |
Weider Gëtter
Helden
- Aeneas
- Dioskuren
- Romulus a Remus
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Réimesch Mythologie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.