From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rudolf I., gebuer den 1. Mee 1218 a gestuerwen de 15. Juli 1291 zu Speyer, war als Rudolf IV. vun ongeféier 1240 u Grof vun Habsburg a vun 1273 bis 1291 den éischte réimesch-däitsche Kinnek aus der Famill vun den Habsburger.
Rudolf I. | |
---|---|
Titelen | |
Virgänger | Alfonso vu Kastilien |
Nofollger | Adolf vun Nassau |
Biographie | |
Gebuer |
1. Mee 1218 Buerg Limburg |
Gestuerwen |
15. Juli 1291 Speyer |
Bestuet mat |
Gertrud vun Hohenberg, Isabella vu Burgund |
Papp | Albrecht IV. |
Mamm | Hedwig |
Kanner | Mathilde vun Habsburg, Albrecht I., Katharina vun Habsburg, Agnes vun Habsburg, Klementia vun Habsburg, Rudolf II., Guta vun Habsburg, Hedwig vun Habsburg, Hartmann vun Habsburg, Albrecht vu Löwenstein |
Mam Doud vum Friedrich II., am Dezember 1250 koum et zu engem Interregnum ("Zäit tëschent Kinneken"), an där et net vill Kinneksherrschaft am Räich gouf. An där Zäit gouf de Rudolf zu engem vun de mächtegsten Territorialhären am Südweste vum Räich. Hie gouf 1273 zum réimesch-däitsche Kinnek gewielt, sou datt den Interregnum op en Enn koum.
Als Kinnek huet de Rudolf probéiert, déi Territoiren, déi virdrun zum Räich gehéiert haten, ma an der Tëschenzäit verluer gi waren, zeréckzegewannen (ze revendiquéieren). Hien hat Succès mat Schwaben, am Elsass an am Rheinland, ma un den Norde vu Räich koum en net erun. Am Osten huet hie Krich géint de mächtege béimesche Kinnek Ottokar II. féieren, fir datt dee seng Kinneksherrschaft sollt unerkennen. Mat senger Victorie an der Schluecht bei Dürnkrut (1278) huet hien de Grondstee geluecht fir den Habsburger hir Herrschaft an Éisträich an an der Steiermark.
Et war dem Rudolf net gelongen, Keeser ze ginn an zu senge Liefzäiten ee vu senge Jongen als Nofollger am réimesch-däitsche Räiich anzesetzen.
Hie war mat der Gertrud (Anna) vun Hohenberg bestuet; si hate sechs Duechteren (Mathilde, Katharina, Agnes, Hedwig, Clementia a Guta) a véier Jongen, den Albrecht (1255–1308), den Hartmann, de Rudolf II. an de Karl. D'Duechteren, déi et bis an den Erwuessenenalter gepackt hunn, huet de Rudolf mat de véier weltleche Kurfürste bestuet, fir déi als Eedem ze hunn.
Commons: Rudolf I. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.