From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rubik's Cube, och alt Zauberwierfel genannt, ass e Gedoldsspill, dat vum ungaresche Bauingenieur an Architekt Ernő Rubik erfonnt gouf, an ufanks vun den 1980er Jore wäit doruechter verbreet war.
Et ass e Wierfel vu 57,5 mm Säitelängt, deen an der Héicht, der Breet an der Déift an dräi Niveaue gedeelt ass, déi sech duerch eng 90°-Dréiung beweege loossen.
No baussen hi besteet de Cube deemno aus jee 9 Quadraten aus der selwechter Faarf, déi een, eemol verdréint, nees probéiere muss, sou zesummenzebréngen, datt all Säit vum Wierfel déi selwecht Faarf huet.
Nieft där "klassescher" Variant vun 3x3x3 klenge Cubë gëtt et der och mat hirer 2x2x2, 4x4x4, 5x5x5, 6x6x6 a 7x7x7. Et gëtt der och an an anere Formen, wéi enger Pyramid, enger Tonn, asw.
Beschreiwunge vu Léisungen
Commons: Rubik's cube – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.