From Wikipedia, the free encyclopedia
D'rout Wullmaus (Myodes glareolus oder Clethrionomys glareolus) ass e Knabberdéier aus der Famill vun de Wullmais. Et ass déi eenzeg Aart vun der Gattung vun de roude Wullmais (Myodes) déi a West- and Zentraleuropa virkënnt. Aner Aarte kommen nach an Nordeuropa vir.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rouder Wullmaus (Myodes glareolus). Fir d'Zeitung mat deem Numm, kuckt wgl. D'Ro'd Wullmaus. |
Rout Wullmaus | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Rout Wullmaus | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Myodes glareolus |
En erwuessent Déier ass 8,5 bis 11 cm laang an tëscht 14 a 40 g schwéier. De Schwanz ass 36 bis 72 mm laang. Op Insele ginn d'Déiere mei grouss wei um Festland. De Réck ass roudelzeg-brong, d'Säite si groelzeg mat engem roudelzege Schäin, an de Bauch ass giel bis knaschteg-wäiss. De Kapp ass kuerz a stomp mat Oueren, déi mei grouss sinn wei déi vun anere Wullmais.
Rout Wullmais hunn e planzleche Kascht, deen aus Somkären, Friichten, Blieder, Kraider a Bamschuel besteet. Dobäi komme geleeëntlech Pilzen, Mooser, Wuerzelen, Gras an och Insekten, Wierm a Schleeken. An nërdleche Géigenden leeën d'Déiere Reserven u fir de Wanter.
D'Déiere sinn souwuel am Dag wei och nuets aktiv, am Summer meeschtens nuets.
D'rout Wullmais maachen e bullefërmegt Nascht aus Blieder, Moos, Gras, a Fiederen, dat tëscht 2 an 10 cm ënner dem Buedem ass, dacks ënner Wuerzelen oder ëmgefalene Beem. Et kann och an engem huele Bam sinn.
Rout Wullmais reproduzéiere sech tëscht Abrëll an September-Oktober. Den Nowuess kënnt 16-18 Deeg no der Befruchtung op d'Welt. Op eng Kéier komme 3 bis 5 Jonker op d'Welt; d'Weibche kann am Joer véier bis fënnefmol jéngeren. Eng neigebuere Maus weit 2 Gramm. Nëmmen d'Mamm këmmert sech ëm den Nowuess. Déi Kleng gi 14 Deeg geniert. No 4 an enger hallwer Woch ass e Weibche geschlechtsräif.
Eng rout Wullmaus ka bis zu 18 Méint an der Natur al ginn, an der Gefaangenschaft bis zu 4 Joer. Zu hire Friessfeinden ziele virun allem d'Eilen, d'Wiselen an dFiiss.
Commons: Myodes glareolus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.