From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rosso Fiorentino, gebuer den 8. Mäerz 1495 zu Florenz a gestuerwen de 14. November 1540 zu Paräis, mam richtegen Numm Giovan Battista di Jacopo di Gasparre (säi Spëtznumm "Roude Florentiner" hat hie wéinst senge rouden Hoer), war en italieenesche Moler vun der Stilrichtung vum Manierismus.
Hien huet zu Florenz, zu Arezzo a vu 1523 bis 1527 zu Roum geschafft. Do gouf hie staark vum Michelangelo beaflosst. Nom Sacco di Roma huet hie bal alles verluer a goung doropshin an Norditalien, ë. a. op Citta di Castello, Perugia, Sansepolcro, Arezzo a Venedeg.
1530 huet de François I. en op Fontainebleau op säin Haff invitéiert, wou e bis zu sengem Doud Haffmoler war. Am Schlass vu Fontainebleau, dat grad fäerdeg gebaut gi war, huet hien eng jett Dekoratioune gemoolt, absënns déi sougenannt Galerie.
Zesumme mam Francesco Primaticcio zielt de Rosso als Grënner vun der École de Fontainebleau.
Commons: Rosso Fiorentino – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.