Rossano Brazzi
italieenesche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rossano Brazzi, gebuer den 18. September 1916 zu Bologna a gestuerwen de 24. Dezember 1994 zu Roum, war en italieenesche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur. Hien ass de Brudder vum Filmregisseur Oscar Brazzi.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Rossano Brazzi | |
---|---|
Gebuer |
18. September 1916 Bologna |
Gestuerwen |
24. Dezember 1994 Roum |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Sänger, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Member vun | Fräimaurerei |
Zoumaachen
De Rossano Brazzi hat Droit studéiert. No enger kuerzer Aktivitéit als Affekot krut hien eng Roll am Theater ugebueden. Am Joer 1938 war hien och fir d'éischt an engem Film ze gesinn.
Hien huet an iwwer 150 Kinos- an TV-Filmer mat sou bekannte Filmregisseure wéi Mervyn LeRoy, Jean Negulesco, David Lean, Joseph L. Mankiewicz, Douglas Sirk, Henry Hathaway an Joshua Logan matgespillt .
Hien huet och dräi Filmer als Regisseur gedréint.