![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/ad/Rock_Hudson_-_portrait.jpg/640px-Rock_Hudson_-_portrait.jpg&w=640&q=50)
Rock Hudson
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rock Hudson, gebuer als Roy Harold Scherer Jr. de 17. November 1925 zu Winnetka a gestuerwen den 2. Oktober 1985 zu Marina del Rey a Kalifornien war en US-amerikanesche Schauspiller.
Rock Hudson | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Roy Harold Scherer Jr. |
Gebuer | 17. November 1925 |
Gestuerwen | 2. Oktober 1985 |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | New Trier High School |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Militär |
Partei | CRP |
![]() |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/72/President_Ronald_Reagan_and_Nancy_Reagan_with_Rock_Hudson.jpg/640px-President_Ronald_Reagan_and_Nancy_Reagan_with_Rock_Hudson.jpg)
De Rock Hudson ass haaptsächlech bekannt duerch e puer Kaméidisfilmer mat der Doris Day bei deene besonnesch Pillow Talk (1959) vum Michael Gordon vill Erfolleg hat. Aner bedeitend Filmer mat him sinn de Western Winchester '73 (1950) vum Anthony Mann, de Melodrama Magnificent Obsession (1954) vum Douglas Sirk, den eepeschen Drama Giant (1956) vum George Stevens mat der Elizabeth Taylor an dem James Dean a Written on the Wind (1956) vum Douglas Sirk.
De Rock Hudson war ee vun den éischte Prominenten, déi un de Suitë vun AIDS gestuerwe sinn, an deen dozou bäigedroen huet, d'Opmierksamkeet op déi deemools nei Kränkt ze riichten.