Ritter (Moundkrater)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ritter ass en Aschlagkrater no beim südwestleche Rand vum Mare Tranquillitatis um Äerdmound. Hie bilt mam Krater Sabine dee süddëstlech vun him läit, eng Kraterkoppel. D'Ränner vu béide Kratere ginn nëmmen duerch en enken Dall vun e puer Kilometer Breet getrennt. De Ritter ass bal kreesfërmeg, huet awer en onreegelméissege baussenzege Rand. D'Begrenzungswänn am Zentrum sinn a Richtung Kraterbuedem ofgerutscht. Am Kraterzentrum sinn en ettlech niddreg Hiwwelketten.
Méi Informatiounen Eegenschaften ...
Ritter (Moundkrater) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 1,93° N |
Längt | 19,17° O |
Duerchmiesser | 29,528 km |
Déift | 1,3 km |
Selenographesch Längt | 341 ° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Carl Ritter August Ritter |
Krut säin Numm am Joer | 1935 |
Kraterfoto an Ëmgéigend |
Zoumaachen
Am Nordweste läit de Krater Dionysius an nord-nordëstlech kann een d'Krateren Arago a Manners erkennen.
Nordwestlech vum Krater Ritter läit e System vu parallele Rillen déi no Nordweste lafen an déi nom Krater als Rimae Ritter bezeechent ginn.