![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e6/Reineke_Fuchs.jpg/640px-Reineke_Fuchs.jpg&w=640&q=50)
Reynke de Vos
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Déiereneepos Reynke de vos dee 1498 vum Hans van Ghetelen zu Lübeck gedréckt gouf ass de bekanntsten nidderdäitschen Déiereneepos a Versen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e6/Reineke_Fuchs.jpg/640px-Reineke_Fuchs.jpg)
De satireschen Eepos erzielt wéi de Näischnotz Reineke sech duerch genial Ligegeschichte beim Léiw, dem Kinnek vun den Déieren, rengwäscht a sech aus allen Uklopunkten erauszitt, a sou géint seng Géigner gewënnt.
De Reynke de vos gehéiert zu enger aler Traditioun vun der europäescher Déiereneepik déi vun der laténgescher « Ecbasis captivi », dem « Isengrimus » an dem « Reinardus vulpes » vum Nivardus, iwwer de franséische « Roman de Renard », den däitsche « Reinhardt Fuchs » vum Heinrich dem Gleissner bis bei den hollännesche « Reinaert de Vos » féiert.
D'Wierk war grad sou bekannt a verbreet wéi den « "Eulenspiegel" » a gouf an en ettlech europäesch Sproochen iwwersat.
De Luther huet et eng "lebendige Contrafacur des Hoflebens" genannt, an de Goethe eng "unheilige Weltbibel".
Am Héichdäitschen ass d'Wierk 1544 zu Frankfurt am Main erauskomm an enger Prosaiwwersetzung vum Gottsched, op där och dem Goethe säi Reineke Fuchs vu 1752 baséiert.