![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fb/Rainbow_flag_breeze.jpg/640px-Rainbow_flag_breeze.jpg&w=640&q=50)
Reeboufändel
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Reeboufändel ass e Fändel an de Faarwe vum Reebou. Och wann d'Faarwen net genee identesch sinn, baséiere sech déi meescht Reeboufändelen op déi traditionell siwe Faarwe vum Reebou: Rout, Orange, Giel, Gréng, Blo, Indigo a Mof. Et gëtt och Ofwäichunge vun deem Spektrum an heiansdo gëtt Indigo duerch Cyan ersat.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fb/Rainbow_flag_breeze.jpg/640px-Rainbow_flag_breeze.jpg)
De Reeboufändel huet eng laang Traditioun a ville Kulture ronderëm d'Welt a gëllt als Zeeche vun Toleranz, Diversitéit, Hoffnung a Verlaangeren. Hautdesdaags si verschidden onofhängeg Reeboufändelen am Gebrauch. Ee bekannten ass de Fändel vun der LGBT-Beweegung, a besonnesch an Italien ass de Friddensfändel (Peace flag) populär. Och vun der International Co-operative Alliance, enger onofhängeger Organisatioun, déi weltwäit Genossenschafte vertrëtt a vereenegt, gëtt de Reeboufändel benotzt. An den Anden gëtt e vu Leit benotzt, déi sech als Nokomme vun den Inka gesinn.