Eng Rakéitestartplaz ass eng Ariichtung fir d'Starte vu Rakéiten a stellt eng oder méi Startrampen a Startleetstänn fir d'Kontroll vun der Startprozedur zur Dispositioun. Fir Flëssegkeetsrakéiten sinn och Anlage fir d'Lagerung an eventuell d'Hierstelle vum flëssegen Dreifstoff néideg.
Eng Rakéitestartplaz gëtt méiglechst wäit vun Uertschaften opgeriicht, fir d'Gefor vun enger Explosioun duerch Rakéitefeelstarter z'ënnerbannen. Meeschtens gëtt eng Plaz no beim Mier erausgesicht, well d'Mier eng liicht iwwerkuckbar Sécherheetsfläch duerstellt.
Rakéitestartplazen, vun deenen och Satellitten an interplanetar Raumfluchkierper gestart ginn, ginn och als Weltraumgare bezeechent.
Déi bekanntst Rakéitestartplaze sinn Cape Canaveral an den USA, Baikonur am Kasachstan an Kourou op Franséisch-Guyana. Donieft gëtt et awer nach vill aner Rakéitestartplazen.
An Europa sinn d'Esrange bei Kiruna a Schweden a Salto di Quirra op Sardinien déi wichtegst Rakéitestartplazen.
Däitschland hat a fréiere Joerzéngten dräi Rakéitestartplazen:
- vun 1936 bis 1945 zu Peenemünde, wou haaptsächlech Tester vun der A4/V2 gemaach goufen;
- vun 1957 bis 1964 am Wattegebitt vu Cuxhaven, vun wou aus den Ernst Mohr, d'Hermann-Oberth-Gesellschaft an d'Berthold Seliger Fuerschungs- an Entwécklungsgesellschaft verschidde Rakéiten wéi d'Kumulus an d'Cirrus gestart hunn, a
- vun 1988 bis 1992 op der Hallefinsel Zingst op der Ostséiküst, wou och eng Startplaz fir russesch MMR06-M-Rakéite war.
Polen hat an de 70er Joren Héichtefuerschungsrakéite vum Typ Meteor vun den Truppenübungsplazen an der Géigend vu Łeba an Ustka gestart.
Am Ament aktiv Startplazen an Europa (nëmme suborbital)
- Aberporth (Groussbritannien)
- Andøya (Norwegen)
- Biscarrosse (Frankräich)
- Cheis-Insel (Russland)
- El Arenosillo (Spuenien)
- Esrange (Schweden)
- Île de Levant (Frankräich)
- Njonoksa (Russland)
- Salto di Quirra (Italien)
- South Uist (Groussbritannien)
- SvalRak (Spitzbergen)
Fréier Startplazen an Europa (nëmme suborbital)
- Blizna (Polen)
- Camp de Suippes (Champagne-Ardennes, Frankräich)
- Cuxhaven (Däitschland)
- Karystos (Griicheland)
- Koroni (Griicheland)
- Kronogård (Schweden)
- Le Cardonnet (Frankräich)
- Łeba (Polen)
- Marka (Norwegen)
- Peenemünde/Greifswalder Oie (Däitschland)
- Tucheler Heide (Polen)
- Ustka (Polen)
- Vernon (Frankräich)
- Vík í Mýrdal (Island)
- Zingst (Däitschland)
Asien
- Al-Anbar (Irak)
- Akita (Japan)
- Anhueng (Südkorea)
- Baleswar (Indien)
- Emamshahr (Iran)
- Gan Island (Maldiven)
- Haikou (China)
- Harbin (China)
- Jingyu (China)
- Jiuquan Satellite Launch Center (China)
- Lapan Space Center, Pameungpeuk (Indonesien)
- Musudan-ri (Nordkorea)
- Negev (Israel)
- Niijima (Japan)
- Obachi (Japan)
- Qom (Iran)
- Ryori (Japan)
- Saryschagan (Kasachstan)
- Shijiedu (China)
- Sonmiani (Pakistan)
- Thumba (Indien)
- Tilla (Pakistan)
- Wheeler Island (Indien)
Afrika
- Overberg (Südafrika)
- Reggane (Algerien)
- Seba Oasis (Libyen)
- Shaba North (Zaire)
Australien an Ozeanien
- Birdling's Flat (Neiséiland)
- Great Mercury Island (Neiséiland)
Nordamerika
- Arecibo (Puerto Rico)
- Black Mesa (USA)
- Charlestown (USA)
- Com Range (USA)
- Datil (USA)
- Eareckson Air Station (USA, Aleuten)
- Eglin Air Force Base (USA)
- Fort Bliss (USA)
- Fort Churchill (Kanada)
- Fort Greely (USA, Alaska)
- Fort Wingate (USA)
- Gilson Butte (USA)
- Green River Test Site (USA, Utah)
- Holloman Air Force Base (USA)
- Keweenaw (USA)
- Kindley Air Force Base (Bermuda-Inselen)
- Mercury (USA)
- Mojave Air & Space Port (USA)
- NAOTS (USA)
- Naval Air Station Point Mugu (USA)
- Nevada Test Site (USA)
- New Mexico Spaceport (USA)
- North Truro (USA)
- Point Barrow (USA, Alaska)
- Poker Flat Research Range (USA, Alaska)
- Primrose Lake (Kanada)
- Ramey Air Force Base (Puerto Rico)
- Red Lake (Kanada)
- Resolute Bay (Kanada)
- San Clemente (USA, Kalifornien)
- San Nicolas (USA, Kalifornien)
- Sheboygan (USA, Wisconsin)
- Sierra de Juarez (Mexiko)
- Tonopah Test Range (USA)
- Upham (USA)
- White Sands Missile Range (USA)
Südamerika
- CELPA (Argentinien)
- CELPA (Peru)
- Chilca (Peru)
- Las Palmas (Argentinien)
- Mar Chiquita (Argentinien)
- Natal (Brasilien)
- Punta Lobos (Peru)
- Villa Reynolds (Argentinien)
Verschiddener
- Ascension (Insel am Atlantik)
- Bikini-Atoll (Atoll am Pazifik, Rakéitestarten am Kader vun Atombommentester)
- Dumont-d'Urville-Station (Antarktis)
- Eniwetok (Atoll am Pazifik, Rakéitestarten am Kader vun Atombommentester)
- Johnston-Atoll (Insel am Pazifik)
- Kauai Test Facility (Barking Sands) (Insel am Pazifik)
- Kerguelen (Insel am Indischen Ozean)
- Marambio-Station (Antarktis)
- Molodjoschnaja (Antarktis)
- Søndre Strømfjord (Grönland)
- Syowa Base (Antarktis)
- Wake Island (Insel am Pazifik)
- Rakéitefluchplaz Berlin, Berlin-Tegel, Däitschland (1930–1934)
- Kummersdorf, Däitschland (1933)
- Hespenbusch, Großenkneten, Däitschland (1952–1957)
- Kaltbrunn SG, Schwäiz (Fluchdeeg vum ARGOS)
- Sauwald, Däitschland (fréi Startplaz fir Rakéite fir d'Blëtzfuerschung nërdlech vu Füssen)
Portal Astronomie
- Rakéitestart
- Rakéitestarten zu Cuxhaven
- Reschter vu Rakéitestartrampen an Däitschland
- Volkhard Bode, Gerhard Kaiser: Raketenspuren. Peenemünde 1936–1996 – Eine historische Reportage mit aktuellen Fotos. Christoph Links, Berlin 1996, ISBN 3-86153-112-7.
- Harald Lutz: Die vergessenen Raketenexperimente von Cuxhaven. Sterne und Weltraum 44(3), 2005, ISSN 0039-1263, S. 40–45.