Radioquell
astronomeschen Objet, deen am Radiowelleberäich straalt / From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Radioquell gëtt an der Radioastronomie en astronomeschen Objet bezeechent, deen opfälleg Radiowellen ausstraalt. Déi stäerkst astronomesch Radioquelle si Sonnen, Stären déi explodéieren, Quasaren a sougenannt Radiogalaxien.
Déi éischt Radioquell, déi um Himmel festgestallt gouf, war déi diffus Radiostralung vun eiser Mëllechstrooss (1931/32). Hiren Entdecker, de Karl Jansky, gouf doduerch zum Grënner vun der Radioastronomie, déi sech nom Joer 1950 zu engem Deelgebitt vun der Astronomie entwéckelt huet, dat séier gewuess ass.