![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/da/R%25C3%25A9imervilla_Iecht_mat_Maquette_w_351.jpg/640px-R%25C3%25A9imervilla_Iecht_mat_Maquette_w_351.jpg&w=640&q=50)
Réimesch Villa zu Iechternach
réimesch Villa vun ëm d'Joer 70 n. Chr., beim haitegen Iechternacher Séi / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Réimesch Villa vun Iechternach war eng réimesch Villa, no bei engem Kiem op Tréier, déi ëm d'Joer 70 no Christus gebaut gi war a bis an d'5. Joerhonnert do stoung, wou haut d'Uwänner vum Iechternacher Séi sinn, südwestlech vun der Stad Iechternach, um Flouer Schwaarzuecht.
Séier Fakten Typ, Land ...
![]() En Deel vun de Reschter vun der Iechternacher Réimervilla mat enger Maquette | |
Typ |
geographeschen Objet, archeologesch Plaz |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Iechternach |
Statut | Klasséiert Monument |
![]() |
Zoumaachen
D'Fëllementer an d'Iwwerreschter goufen 1975 – 1976 vum Service des sites et monuments nationaux ausgegruewen an ausgewäert, nodeem se bei den Terrassementsaarbechte fir de Séi fräigeluecht a bal mat ewechgebaggert gi waren[1].
1988 an 1989 goufen d'Terraine mat der Villa als Nationaalt Monument klasséiert[2].
Op der Basis vum Gesetz vum 16. Dezember 2022 ass de Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht fir d'Réimervilla vun Iechternach zoustänneg[3].