Régine Deforges
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Régine Deforges, gebuer de 15. August 1935 zu Montmorillon (Departement Vienne) a gestuerwen den 3. Abrëll 2014 zu Paräis, war eng feministesch franséisch Schrëftstellerin an Editrice vun Erotikliteratur.
Régine Deforges | |
---|---|
Gebuertsnumm | Régine Marie Léone Deforges |
Gebuer |
15. August 1935 Montmorillon |
Gestuerwen |
3. Abrëll 2014 14. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Editeur, Filmregisseur, Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Léa Wiazemsky |
Si huet 1967 am Alter vun 32 Joer als eng vun den éischte Fraen iwwerhaapt en eegene Verlag gegrënnt ('Éditions L'Or du Temps) an deem se virun allem erotesch Literatur publizéiert huet, wat hir deen een oder anere Geriichtsprozess abruecht huet, z. B. wéinst dem Buch Le Con d'Irène. Hire Roman La bicyclette bleue vun 1981 gouf e Bestseller a Frankräich, deen an 22 Sproochen iwwersat gouf. An de 16 Joer duerno koumen 10 aner Bicher no, déi an der Nokrichszäit gespillt hunn, an déi zum Deel den Algeriekrich oder d'Kubakris als Hannergrond haten. Dës Serie gouf uganks vun den 2000er Jore fir d'Televisioun verfilmt.
1980 huet si Regie am Film Les Filles de madame ClaFiude gefouert. Si huet och vereenzelt d'Dréibicher fir Verfilmunge vu Bicher vun hir geschriwwen, déi an den 1990er an 2000er entstane sinn.
Vun 1989 bis 1992 war d'Régine Deforges Presidentin vun der Société des Gens de Lettres de France (SGDL) a war e puer Joer laang Member vun der Jury vum Prix Femina.
2013 huet si hir Autobiographie, L'Enfant du 15 août, déi bal 500 Säiten huet, publizéiert.