![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/19/Purple_mountain.jpg/640px-Purple_mountain.jpg&w=640&q=50)
Purple Mountain-Observatoire
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Purple-Mountain-Observatoire (chin.: 紫金山天文台; Pinyin: Zĭjīnshān Tiānwéntái) ass en Observatoire no bei der Stad Nanking an der Volleksrepublik China. Den Observatoire läit am ëstleche Randgebitt vun der Stad op enger Héicht vun 267 m iwwer dem Mieresspigel.
De Bau vum Observatoire huet am Joer 1929 ugefaangen. Fënnef Joer méi spéit, 1934, ass mat Observatiounen ugefaange ginn. Haut ass et e modernen astronomeschen Observatoire, deen der chineesescher Akademie vun de Wëssenschaften ënnerstallt ass.
Um Purple-Mountain-Observatoire goufen dräi Koméiten entdeckt, dorënner de periodesche Koméit 60P/Tsuchinshan. Zu den Entdeckungen zielen doriwwer eraus 147 Asteroiden, ënner anerem d'Trojaner (2223) Sarpedon, (2363) Cebriones an (2456) Palamedes, souwéi deen nom Observatoire genannten Asteroid (3494) Purple Mountain.