Provënz Çanakkale
From Wikipedia, the free encyclopedia
Çanakkale ass eng Provënz an der Tierkei, déi no hirer Haaptstad Çanakkale genannt gouf.
D'Provënz erstreckt sech op den zwou Säite vun den Dardanellen (Çanakkale Boğazı), vun Ostthrakien op der europäescher Säit bis an Anatolien op der asiatescher.
D'Provënz huet 511.790 Awunner (Stand 2014) op enger Fläch vun 9.950 km². Si grenzt am Nordwesten un d'Provënz Edirne, am Nordosten un Tekirdağ an am Südosten u Balıkesir.
Och d'Insele Gökçeada (Imbros) a Bozcaada (Tenedos) gehéieren derzou.