![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/cd/Namibe_in_Angola.svg/langlb-640px-Namibe_in_Angola.svg.png&w=640&q=50)
Provënz Namibe
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Provënz Namibe ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Südweste vum Land a grenzt am Norden un d'Provënz Benguela an am Osten un d'Provënzen Huíla a Cunene. Am Süden deelt s'eng Grenz mat Namibien an am Weste läit den Atlantik.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/cd/Namibe_in_Angola.svg/640px-Namibe_in_Angola.svg.png)
Se huet eng Fläch vu ronn 57.091 km².[1]
Der Vollekszielung vun 2014 no hat se 471.613 Awunner, wat 1,9 % vun der Gesamtbevëlkerung vum Angola waren.[2]
D'Haaptstad vun der Provënz ass Moçâmedes.