![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f7/Malanje_in_Angola.svg/langlb-640px-Malanje_in_Angola.svg.png&w=640&q=50)
Provënz Malanje
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Provënz Malanje ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Norde vum Land a grenzt am Nordwesten un d'Provënz Uíge, am Westen un d'Provënze Cuanza Norte a Cuanza Sul an am Süden un d'Provënz Bié. Am Osten leien d'Provënze Lunda Norte a Lunda Sul. Am Nordoste verleeft eng international Grenz mat der Demokratescher Republik Kongo.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f7/Malanje_in_Angola.svg/640px-Malanje_in_Angola.svg.png)
Si huet eng Fläch vun 97.602 km².[1]
Der Vollekszielung 2014 no hat si 968.135 Awunner, wat 4 % vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]
D'Haaptstad vun der Provënz ass d'Stad mam selwechten Numm.