Provënz Lunda Sul
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Provënz Lunda Sul ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Nordoste vum Land a grenzt am Osten un d'Demokratesch Republik Kongo, am Norden un d'Provënz Lunda Norte, am Westen un d'Provënzen Malanje a Bié an am Süden un d'Provënz Moxico.
Si huet eng Fläch vu 77.367 km²[1]
Der Vollekszielung 2014 no hat si 516.077 Awunner, wat 2,1% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]
D'Haaptstad vun der Provënz ass Saurimo.