Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (och alt verkierzt EU-Presidence oder EU-Rotsvirsëtz genannt) bezitt sech op d'Responsabilitéit, déi ee bestëmmte Memberstaat vun der Europäescher Unioun (EU) 6 Méint laang huet, an déi dora besteet, sämtlech Reunioune vum Conseil vun der Europäescher Unioun z'organiséieren an ze presidéieren. Eng wichteg Aufgab ass awer och, bei deene Reunioune Kompromësser auszeschaffen a virzeschloen, fir datt all kënnen d'accord sinn.
Et gëtt net "de" President vum Conseil vun der Europäescher Unioun, mä et ass all Kéier dee Fachminister aus dem Land, dat d'Presidence huet, dee fir de Sujet, ëm deen et geet, zoustänneg ass. Geet et z. B. ëm e Sujet aus dem Kulturberäich, deen am Juni 2005 am Conseil "Bildung, Jugend a Kultur" beschwat gëtt, ass et de Lëtzebuerger Kulturminister, deen d'Presidence huet.
Da gëtt et och nach den Europäesche Conseil (dacks "EU-Sommet" genannt), bei deem gewéinlech véiermol am Joer d'Staats- a Regierungscheffen zesummekommen. Bis 2009 hat dat Land (oder villméi de Premierminister, respektiv de President vun deem Land), dat d'Presidence vum Conseil hat, d'Presidence dovun. Zënterhier gëtt et e permanente President, de President vum Europäesche Conseil (zënter 2014 den Donald Tusk, virdun den Herman Van Rompuy).