![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/5d/Belval_Porte_de_France_2019-12.jpg/640px-Belval_Porte_de_France_2019-12.jpg&w=640&q=50)
Porte de France
Strooss zu Esch um Belval / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Porte de France ass e Stadboulevard am Universitéitsquartier, op der Héichuewenterrass um Belval an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se leeft vun der Kräizung mat der Avenue du Rock'n'roll an der Avenue du Swing a Richtung Nord-Nordost, béit dann no riets a geet bis op d'Kräizung mat der Porte des Sciences an der Place de l'Université.
Séier Fakten Längt, Land ...
![]() | |
Längt | ca. 560 m |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Uertschaft | Esch-Uelzecht |
Quartier | Belval |
Postcode | L - 4360 |
Koordinaten |
49° 30’ 08.8’’ N 05° 56’ 41.9’’ O |
![]() |
Zoumaachen
Drënner leeft den Tunnel vun der Liaison Micheville (B40), deen d'Autobunn A4 mat der Départementale D326 a Frankräich verbënnt.
Den nërdlechen Deel an der Verlängerung vun der Place de l'Université mécht d'Grenz mat der Gemeng Suessem.