![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/54/Ant_Nebula.jpg/640px-Ant_Nebula.jpg&w=640&q=50)
Planetareschen Niwwel
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Planetareschen Niwwel ass een astronomeschen Objet, a besteet aus engem Mantel vu Gas a Plasma, déi vun engem ale Stär um Enn vu senger Entwécklung ofgestouss ginn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/54/Ant_Nebula.jpg/640px-Ant_Nebula.jpg)
Den Objet huet näischt mat engem Planéit ze dinn. D'Bezeechnung kënnt dohier, datt verschidden Niwwelen am Teleskop ausgesinn, wéi wann et e Gasris wéi z. B. de Jupiter wier.
Planetaresch Niwwelen existéiere meeschtens net méi laang wéi e puer zéngdausend Joer. Am Verglach zu engem duerchschnëttleche Stäreliewen, dat e puer Milliarde Joren dauert, ass déi Zäitspan ganz kleng.
An eiser Galaxie, der Mëllechstrooss, si ronn 1.500 planetaresch Niwwele bekannt.
Planetaresch Niwwele spillen eng entscheedend Roll an der cheemescher Evolutioun vun der Galaxie, well dat ofgestouss Material, d'interstellare Matière mat schwéieren Elementer, wéi Kuelestoff, Stéckstoff, Sauerstoff, Kalzium an anere Reaktiounsprodukte vun der stellarer Kärfusioun, uräichert. An anere Galaxië si Planetaresch Niwwelen heiansdo déi eenzeg observéiert Objeten, déi genuch Informatioun liwweren, fir eppes iwwer déi cheemesch Zesummesetzung gewuer ze ginn.
Mat dem Hubble-Weltraumteleskop goufe Fotoe vu ville planetareschen Niwwele gemaach. E Fënneftel vun den Niwwelen ass kugelfërmeg. Déi meescht sinn awer méi komplex opgebaut an hu verschidde Formen. D'Mechanisme vum Ausléise vun der Form sinn nach net genee bekannt. Méiglech Ursaache kéinte Begleetstären, Stärewand oder Magnéitfelder sinn.