Place de l'Académie
Plaz zu Esch um Belval / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Place de l'Académie ass eng Plaz am Quartier Universitéit, op der Héichuewenterrass um Belval, an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se läit tëscht dem Gebai vun der fréierer Mëllerei (haut: Luxembourg Learning Centre - LLC) am Osten, der Avenue du Rock'n'roll am Süden, dem Belval Plaza 2 an dem zukünftege Gebai Icône am Osten, an der Rue de la Fonte am Norden.
Séier Fakten Längt, Land ...
Längt | ca. 250 m |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Uertschaft | Esch-Uelzecht |
Quartier | Belval |
Postcode | L - 4360 |
Koordinaten |
49° 30’ 07’’ N 05° 56’ 47.6’’ O |
Zoumaachen
Se läit eng gutt 5 m méi déif wéi de Rescht vun der Héichuewenterrass, an ass dofir, ausser iwwer en Zougank duerch de Passage de l'Académie, nëmmen iwwer Trapen a Lifter z'erreechen. Si ass fir motoriséierte Verkéier gespaart.