Pittsburgh
US–amerikanesch Stad / From Wikipedia, the free encyclopedia
Pittsburgh ass eng Groussstad am Südweste vum US-Bundesstaat Pennsylvania. Si läit um Appalachen-Plateau ronn 45 Kilometer vun der Grenz mat Ohio ewech, an engem Dallkessel, wou de Monongahela River an den Allegheny River zum Ohio River zesummelafen. 2020 hunn do knapps iwwer 300.000 Leit gewunnt, woumat Pittsburgh no Philadelphia déi zweetgréisst Stad a Pennsylvania ass.
Séier Fakten Land, Bundesstaat ...
Pittsburgh | |
---|---|
Land | USA |
Bundesstaat | Pennsylvania |
Fläch | 151 km² |
Awunner | 302.971 (1. Abrëll 2020) |
Héicht | 373 m |
Zäitzon | Eastern Time Zone |
Buergermeeschter | Luke Ravenstahl (1. September 2006) |
Koordinaten | 40°26'30"N, 80°0'0"W |
Zoumaachen
Et ass d'Prefektur vum Allegheny County an de wirtschaftlechen, politeschen a kulturellen Zentrum vun der Pittsburgh Metropolitan Statistical Area, e Ballungsraum mat ronn 2,36 Milliounen Awunner (2010).