Pisa
italieenesch Gemeng / From Wikipedia, the free encyclopedia
Pisa ass eng italieenesch Stad an Norditalien an der Toscana, eng ronn 10 Kilometer ëstlech vun der Plaz wou den Arno an d'Mëttelmier fléisst.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Pisa. Fir den Akronym, kuckt wgl. PISA. |
Séier Fakten Land, Regioun ...
Pisa | |
---|---|
![]() | |
| |
Land | Italien |
Regioun | Toskana |
Provënz | Pisa (PI) |
Koordinaten | 43°43'N, 10°24'O |
Fläch | 185,07 km² |
Awunner | 88.737 (1. Januar 2023) |
Héicht | 4 m |
ISTAT | 050026 |
Zoumaachen
Am Mëttelalter a bis kuerz an d'Neizäit era war Pisa en eegene Staat (Stadstaat).
Pisa ass d'Haaptstad vun der Provënz Pisa an huet ongeféier 90.000 Awunner. De Schifen Tuerm vu Pisa (Campanile) ass d'Symbol vun der Stad. Pisa ass eng Universitéitsstad an nieft der Universitéit huet och d'Scuola Normale Superiore, d'Eliteschoul vum Staat Italien, do hire Sëtz. Bal d'Hallschent vun den Awunner vu Pisa si Studenten. Dofir ass Pisa och sou eng lieweg Stad.
D'Piazza del Duomo vu Pisa ass 1987 vun der UNESCO op d'Lëscht vum Weltierwe gesat ginn.