Pierre Mondy
franséische Schauspiller a Regisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Mondy, fir richteg Pierre Cuq, gebuer den 10. Februar 1925 zu Neuilly-sur-Seine a gestuerwen de 15. September 2012 zu Paräis, war e franséische Schauspiller a Regisseur.
Pierre Mondy | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pierre Cuq |
Gebuer |
10. Februar 1925 Neuilly-sur-Seine |
Gestuerwen |
15. September 2012 13. Arrondissement |
Doudesursaach | béisaartege Lymphom |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Simon |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterregisseur, Schauspiller, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Claude Gensac, Catherine Allary, Pascale Roberts |
No senger Schauspillausbildung um Cours Simon krut hien 1948 seng éischt Theaterroll, 1949 déi éischt Filmroll (a Rendez-vous de juillet). Seng Roll als Napoleon am Abel Gance sengem Austerlitz huet him international Unerkennung bruecht.
An den 1970er Joren huet hie mat groussem Succès an franchouillarde Comédies-Serië wéi La 7e compagnie matgespillt.
Tëscht 1992 an 2004 huet hien de Polizeikommissär an der Tëleesserie Les Cordier, juge et flic gespillt, a vun 2005 bis 2007 an der Serie Commissaire Cordier, déi drop opgebaut huet.
Nieft Kino an Televisioun war hie staark am Theater aktiv, wou en iwwer 40 Joer souwuel als Schauspiller wéi och als Regisseur un Dosende vu Stécker matgewierkt huet.