Photoevaporatioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
Photoevaporatioun nennt een e Prozess, bei deem e Planéit seng Gasatmosphär oder Bestanddeeler vu senger Atmosphär duerch d'Awierkung vun héichenergetesche Photonen, geklaut kritt. All Massen, och Planéiten, hunn eng Fluchtvitess, déi et z'erreeche gëllt, fir d'gravitatoresch Aflossgebitt vun der Mass oder vum Planéit vollstänneg ze verloossen. Duerch de Beschoss vun der Gasatmosphär duerch héichenergetesch Photonen, zum Beispill UV-Liicht oder Röntgenstralen, ginn Deelercher vun der Gasatmosphär duerch eng Ionisatioun beschleunegt (opgehëtzt), soudatt dës déi gebraucht Fluchtvitessen erreechen an de Planéit verloosse kënnen. Wat d'Deelercher méi liicht sinn, ëmsou méi grouss ass d'Vitess, déi se duerch d'Ionisatioun kréien. Dofir ass de Waasserstoff, deem seng Atomer mat der Massezuel 1 déi liichtst sinn, den éischte Gas, dee bei der Photoevaporatioun de Planéit verléisst.