From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Phoneetik ass d'Wëssenschaft vum Sproochschall an ënnersicht physikalesch Eegenschafte vum Sproochschall.
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Et ënnerscheet een tëscht artikulatorescher, akustescher an auditiver Phoneetik:
Phoneetik
D'Phoneetik ass eng Wëssenschaft, déi sech haaptsächlech mam Beschreiwen a mat der Klassifikatioun vun de Sproochlauter beschäftegt:
E Sproochlaut ass e physikalescht Element, dat een duerch d'Artikulatiounskanaler fir ze schwätze produzéiert.
Se beschäftegt sech mat deene Geräicher, déi de Mënsch a sengem Artikulatiounskanal produzéiert an déi fir ze schwätze benotzt ginn, also dat heescht net Néitsen, schmatzen, räpsen asw., mä schwätzen.
Wann ee schwätzt, geschitt dat heiten:
D'Otemloft kënnt aus dem Hals oder der Long a geet duerch d'Nues oder de Mond erëm eraus. Op deene verschiddene Plaze wou d'Loft optrëfft, beaflosse mir se duerch eisen Artikulatiounskanal (Lëppen, Zänn, Zänndamm, Gomm: haarden a mëllen, Gommseegel an d'Zäpfchen, d'Zong: Zongespëtzt, Zongekranz, Zongeréck, d'Pharynx, d'Glottis- déi bild d'Stëmm) sou, datt e Laut entsteet. D'Stëmm entsteet sou: D'Loft kënnt an de Keelkapp, an dem hu mir Stëmmleppen. De Rand deen d'Stëmmleppe bannen hunn, sinn d'Stëmmbänner. Duerch d'Loft beim Ausotme ginn déi Stëmmbänner a Schwéngung versat. Mir ënnerscheede stëmmhaft (mat Stëmm) a stëmmlass (ouni Stëmm) Lauter: - Bei dem éischte Fall ginn d'Bänner a Schwéngung versat, si ginn déi ganzen Zäit op an erëm zou. z. B. bei: „a, o, m, l, s“. - Bei dem aneren Fall, stréimt d'Loft einfach duerch d'Stëmmbänner erduerch, a versetzt se net a Schwéngung. z. B. bei: „p, t, k, f".
D'Phoneetik beschreift also, wéi d'Lauter ervirbruecht, iwwerdroen an wouergeholl ginn. An der Phoneetik gëtt et 3 Ënnerdisziplinen déi dat beschreiwen:
1) Disziplin vun der Produktioun vun de Sproochlauter – artikulatoresch Phoneetik:
Hei gëtt ënnersicht, wéi eng Persoun déi schwätzt, Lauter produzéiert, d. h. wéieng Organer ee wéi gebraucht fir e Laut ze produzéieren.
2) D'Iwwerdroe vun de Sproochlauter - akustesch Phoneetik:
D'Intensitéit, d'Dauer an d'Frequenz vun de Sproochlauter gëtt ënnersicht.
3) Wouerhuele vun de Sproochlauter: déi auditiv oder perzeptiv Phoneetik:
Et gëtt gekuckt wéi eng Persoun, déi d'Lauter héiert, déi akustesch Reizer verschafft. D'auditiv Phoneetik beschäftegt sech mat de physiologesche Prozesser, déi beim Héiere vun enger Ausso am Ouer oflafen.
Commons: Phoneetiken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.