Stärebild From Wikipedia, the free encyclopedia
De Phoenix ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Phoenix | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Phoenix |
Laténgeschen Numm | Phoenix |
Laténgesche Geenitiv | Phoenicis |
Laténgesch Ofkierzung | Phe |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 23h 46m bis 2h 25m |
Deklinatioun | -57° 50' bis -39° 18' |
Fläch | 469 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 32° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | net ze gesinn |
Stäre mat Gréisst < 3m | 1 |
Hellste Stär, Gréisst | α Phoenici (Ankaa) 2,39m |
Meteorstréim | Juli-Phöniciden Dezember-Phön. |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Sculptor Grus Tucana Hydrus Eridanus Fornax |
De Phoenix ass ee Stärebild nërdlech vum helle Stär Achernar am Eridanus. Nëmmen den Haaptstär α Phoenicis (Ankaa) ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.
Wéinst senger südlecher Positioun ass de Phoenix bei eis net ze gesinn.
De Phoenix gehéiert zu deene Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.
De Phönix gehéiert am Géigesaz zum Ara net zu den 48 anticke Stärebiller.
B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | Ankaa, Nair al Zaurak, Cymbae | 2,39m | 77 | K0 III | |
β | 3,32m | 198 | G8 III | ||
γ | 3,41m | 234 | M0 IIIa | ||
ε | 3,88m | 140 | K0 III | ||
κ | 3,93m | 77 | A7 V | ||
δ | 3,93m | 147 | K0 III | ||
ζ Phoenicis | 3,94 | 280 | B6 V + B9 V | ||
η | 4,36 | 240 | A0 IV | ||
ψ | 4,39 | 321 | M4 III | ||
μ | 4,59 | 247 | G8 III | ||
ι | 4,69 | 274 | A2 Vp SrCrEu | ||
HR 8959 | 4,74 | 201 | A2 V | ||
λ1 | 4,77 | 717 | A0 V | ||
HR 574 | 4,82 | 267 | G8 III | ||
ν | 4,97 | 49 | F8 V | ||
φ | 5,12 | 309 | A3 V | ||
π | 5,13 | 257 | K0 III | ||
χ | 5,15 | 372 | K5 III | ||
σ | 5,18 | 592 | B3 V | ||
υ | 5,21 | 198 | A3 IV | ||
ρ | 5,24 | 250 | F2 III | ||
HR 299 | 5,39 | 235 | G8 III | ||
HR 408 | 5,42 | 247 | K0 III | ||
HR 109 | 5,42 | 415 | M0 III | ||
HR 519 | 5,49 | 680 | M3 III |
Den α Phoenicis läit op enger Distanz vu 77 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 III. Hien huet déi 2,5-fach Mass an deen 10-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Den Numm „Ankaa“ bedeit e Vull aus der arabescher Mythologie.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
β | 4,0 / 4,2m | 1,6" |
ζ | 3,6 bis 4,1 / 7,2 / 8,2m | 0,8/6,4" |
Duebelstäresystem β Phoenicis ass 198 Liichtjoer vun eis ewech. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklasse B6 an F7.
Den ζ Phoenicis ass e Méifachstäresystem a besteet aus véier Stären, op enger Distanz vun 280 Liichtjoer.
Stären | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
ζ | 3,9m bis 4,3m | 1,669 Deeg | Bedeckungsverännerlechen |
Den ζ Phoenicis ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Ee liichtschwache Begleeder ëmkreest den Haaptstär an engem kuerzen Ofstand. All 1,669 Deeg passéiert de schwaache Stär virum Haaptstär a verdonkelt en.
NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
625 | Galaxie | |||
7689 | 11,5 m | Balkespiralgalaxie |
Commons: Phoenix (Stärebild) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.