![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c9/Peter_Jackson_ONZ_%2528cropped%2529.jpg/640px-Peter_Jackson_ONZ_%2528cropped%2529.jpg&w=640&q=50)
Peter Jackson
neiséilännesche Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Peter Robert Jackson ONZ, KNZM, gebuer den 31. Oktober 1961 zu Wellington an Neiséiland, ass en neiséilännesche Filmregisseur, -produzent an Dréibuchauteur.
Peter Jackson | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Peter Robert Jackson |
Gebuer | 31. Oktober 1961 |
Nationalitéit | Neiséiland |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Filmediteur, Schauspiller, Regisseur |
Member vun | WGA West |
Famill | |
Bestuet mat | Fran Walsh |
![]() |
HIen ass virun allem bekannt fir seng Verfilmunge vun der The Lord of the Rings Trilogie (2001-2003) an der The Hobbit Trilogie (2012-14), allebéid Adaptatioune vun de Romaner mam selwechten Numm vum J. R. R. Tolkien. Aner bekannt Filmer vun hum sinn Heavenly Creatures (1994), de Pseudo-Documentaire Forgotten Silver (1995), d'Horror-Comedie The Frighteners (1996), e Remake vum King Kong (2005) an dem iwwernatierleche Filmdrama The Lovely Bones (2009). Donieft huet hien ë. a. District 9 (2009), The Adventures of Tintin: The Secret of the Unicorn (2011) an den Dokumentarfilm West of Memphis (2012) produzéiert.