däitsche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paul Ludwig Hans Anton von Beneckendorff und von Hindenburg, gebuer den 2. Oktober 1847 zu Posen, a gestuerwen den 2. August 1934 am Gut Neudeck an Ostpreisen, war en däitsche Militär (Generolfeldmarschall) a Politiker.
Paul von Hindenburg | |
---|---|
Gebuertsnumm | Paul Ludwig Hans Anton von Beneckendorff und von Hindenburg |
Gebuer | 2. Oktober 1847 |
Gestuerwen | 2. August 1934 |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Däitschland, Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Politiker, Militär, Zaldot |
Partei | keng |
Famill | |
Kanner | Oskar von Hindenburg |
Am Éischte Weltkrich stoung hie vun 1916 bis 1919 un der Spëtzt vun der Oberste Heeresleitung an huet de facto sou op eng quasi diktatoresch Manéier d'Regierungsgewalt ausgeübt.
Den Hindenburg gouf 1925 zum zweete Reichspresident vun der Weimarer Republik gewielt, an 1932 erëmgewielt. Den 30. Januar 1933 huet hien den Adolf Hitler zum Reichskanzler ernannt.
Seng Roll gëtt vun der Geschichtsschreiwung ambivalent beuerteelt: Engersäits gouf hien als eng charismatesche Heldefigur aus dem Éischte Weltkrich veréiert a war dee vum Vollek gewielte President vun der Weimarer Republik, anerersäits war hien ee vun den Initiatore vun der sougenannter Dolchstoßlegende (nämlech, datt d'Politik duerch d'Kapitulatioun am Éischte Weltkrich dem Militär 'an de Réck gefall' wier, dat soss gewonnen hätt) a war deejéinegen, deen duerch d'Ernennung vum Hitler zum Reichskanzler mat bäigedroen huet, d'Republik ofzeschafen an der Nazi-Diktatur de Wee ze bereeden.
Nom Hindenburg goufen eng jett Stroossen, Plazen, a soss Saache genannt, notamment d'Loftschëff LZ 129 Hindenburg, dat 1937 zu Lakehurst verongléckt ass.
Commons: Paul von Hindenburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.