From Wikipedia, the free encyclopedia
De Poopst Paul VI., gebuer de 26. September 1897 zu Concesio bei Brescia als Giovanni Battista Enrico Antonio Maria Montini, a gestuerwen de 6. August 1978 a senger Summerresidenz Castel Gandolfo, war vun 1963 bis 1978, no der kierchlecher Opzielung, deen 262. Poopst vun der réimesch-kathoulescher Kierchegeschicht. Wéinst der Ëmsetzung vun den Decisioune gëllt hien als de Poopst vum Zweete Vatikanesche Konzil.
Paul VI. | |
---|---|
Gebuertsnumm | Giovanni Battista Enrico Antonio Maria Montini |
Gebuer | 26. September 1897 |
Gestuerwen | 6. August 1978 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Italien, Vatikanstad, Kinnekräich Italien |
Educatioun |
Gregorianesch Peepstlech Universitéit, Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Priister, Diplomat |
Den Giovanni Battista (Giambattista) Montini war de Jong vun engem Zeitungsediteur a Politiker. Säi Studium huet hien zu Mailand an zu Roum absolvéiert, an als Dokter vun der Theologie a vum Droit ofgeschloss.
Nodeem hie kuerzzäiteg an enger Par gewierkt hat, huet hien zu Roum d'peepstlech Diplomateschoul besicht. Vun 1922 bis 1954 huet hien, ofgesi vun engem kuerzen Openthalt an der Nuntiatur vu Warschau, am vatikanesche Staatssekretariat geschafft. Niewebäi war hie vun 1925 bis 1933 Generalassistent vum kathouleschen italieenesche Studenteverband (FUCI). Vun 1937 u war hien als Substitut en enke Mataarbechter vum Staatssekretär Pacelli, dem spéidere Poopst Pius XII..
Nodeem de Pius XII. 1952 de Montini zum Pro-Staatssekretär (ouni Bëschofs- a Kardinolsrang) ernannt hat, huet hien en zwee Joer méi spéit als Äerzbëschof op Mailand geschéckt. De Montini huet sech do mat senger ganzer Kraaft an den Déngscht vun der norditalieenescher Metropol gesat. Seng Haaptsuerg huet der Aarbechterwelt an dem Bau vun neie Kierche gegollt, woufir e säi ganzt Privatverméige geaffert huet.
De Kardinolshutt krut hien de 15. Dezember 1958 vum Johannes XXIII. mat der Titelkierch Santi Silvestro e Martino ai Monti.
Den 3. Juni 1963, nom Doud vum Johannes XXIII., huet den 19. Juni de Konklav ugefaangen. Schonn den 21. Juni, am 5. Walgang, gouf de Montini mat 60 vun 80 Stëmmen zum Poopst gewielt an en huet den Numm „Paul VI.“ ugeholl. D'Intronisatioun war den 30. Juni op der Péitersplaz. 1964 huet hien d'Tiara ofgedoen, a se nëmme méi a sengem perséinleche Wope gefouert.
De 27. November 1970, den zweeten Dag vu senger leschter Auslandsrees duerch Asien an Ozeanien, ass de Paul VI. an der philippinnescher Haaptstad Manila nëmme knapps engem Attentat entgaangen. E kolumbianesche Moler, deen als Geeschtleche verkleet war, ass mat engem Messer op de Poopst lassgaangen. Dee konnt awer vum spéideren amerikaneschen Äerzbëschof Paul Marcinkus gerett ginn. Den Attentäter gouf duerno an eng psychiatresch Klinick ageliwwert.
De Paul VI. hat weeder d'Popularitéit vu sengem Virgänger nach de Charisma vu sengem Nofollger. Geschwächt duerch den Alter an d'Krankheet huet hien, besonnesch zum Schluss vu sengem Pontifikat, ëmmer méi hëllefsbedierfteg gewierkt. Wann een awer zeréckkuckt, da mierkt een ëmmer méi, datt hien duerch de Verzicht vun traditionelle Statussymboler (Baldachin, Pfauenwedel, Trounassistenten, Nobelgard) grad wéi duerch säi Respekt vum Mënsch a senge Problemer, zu de modernste Peepst vum 20. Joerhonnert zielt. Hien huet vill Reformen agefouert, ouni vill dovun ze schwätzen. Sou huet hien z. B. 1965 duerch e kuerze Saz am Text vun der Reform vum Hellegen Offizium den Index vun de verbuedene Bicher (Index Librorum Prohibitorum), deen iwwer 400 Joer bestanen hat, ofgeschaaft.
De Paul VI. huet dat Zweet Vatikanescht Konzil, dat vu sengem Virgänger Johannes XXIII. aberuff gouf, zu Enn gefouert. Hien huet eng Rei vu Reformen, déi an dësem Konzil decidéiert goufen, duerchgezunn. Mat senger Enzyklika Populorum Progressio (1967) an der Apostoulescher Schrëft Octogesima Adveniens (1971) huet hien e wichtege Bäitrag fir d'Weiderentwécklung vun der kathoulescher Sozialléier geleescht.
D'Apostoulesch Schrëften Marialis Cultus (1974) an Evangelii Nuntiandi (1975, no der Bëschofssynod) hunn aktuell theologesch Entwécklungen opgegraff, a waren Ausdrock vun engem méi moderne Versteesdemech vun der Muttergottesveréierung.
Bis haut nach an der Ëffentlechkeet ëmstridden ass d'Enzyklika Humanae Vitae, an där de Paul VI. déi kënschtlech Methode vun der Contraceptioun verurteelt.
Eng Novitéit waren dem Paul VI. seng Pilgerreesen. Wéi hien de 4. Dezember 1963, beim Ofschloss vun der zweeter Sëtzungsperiod vum 2. Vatikanesche Konzil, ugekënnegt huet datt hie vum 4. bis de 6. Januar 1964 eng Rees an d'Hellegt Land géif maachen, war dat eng Sensatioun well zanter 150 Joer kee Poopst méi d'italieenesch Grenzen iwwerschratt hat. Et sollt déi éischt Pilgerrees iwwerhaapt sinn, déi jee e Poopst an d'Hellegt Land ënnerholl huet; nach dozou zu enger Zäit, wou dësen Territoire politesch staark ëmstridden a geféierlech war. Ausserdeem huet et als onméiglech geschéngt, d'Preparatiounen an nëmme véier Wochen z'erleedegen. D'Rees an Israel an a Jordanien ass awer an der ganzer Welt gutt ukomm. Zu Jerusalem koum hie mam Patriarch Athenagoras vu Konstantinopel zesummen, wat dozou gefouert huet datt 1965 d'géigesäiteg Exkommunikatioun tëscht de Patriarchate vu Konstantiopel a Roum opgehuewe gouf. Duerch dës Rees huet d'kathoulesch Kierch de Staat Israel faktesch akzeptéiert.
Et sollt den Optakt si vu villen Auslandsreese vum Paul VI. a senge Nofollger.
An dem Paul VI. säi Pontifikat ass och eng virsiichteg diplomatesch Ëffnung géintiwwer de kommunistesche Staate gefall. D'Zil vum Poopst war et, dee schwéiere Stand vun der kathoulescher Kierch am Ostblock z'erliichteren.
D'Reforme vum Paul VI., besonnesch d'Liturgiereform nom Zweete Vatikanesche Konzil, hunn dozou gefouert, datt déi quantitativ onbedeitend traditionalistesch Beweegung am Ëmfeld vum Äerzbëschof Marcel Lefèbvre, mat zirka 120.000 Adepten, sech vum Vatikan ofgespléckt huet.
Déi fënnef grouss Enzyklike stinn thematesch all a Relatioun mat dem II. Vatikanesche Konzil a verdäitliechen déi aktuell Aspekter vun der Glawens- und Ethikléier méi detailléiert wéi dat an de Konzilsdokumente méiglich war. De Poopst huet duerno nach aner Apostoulesch Schrëfte publizéiert: Octogesima Adveniens zur katholescher Sozialléier (1971), Gaudete in Domino an Evangelii Nuntiandi am Hellege Joer 1975.
De Poopst Paul VI. huet mam Albino Luciani (1973), Karol Wojtyla (1967) a Joseph Ratzinger (1977) déi dräi Bëscheef an de Kardinolsrang erhuewen, déi seng direkt Nofollger sollte ginn. De Paul VI. selwer, wéi och seng sechs Virgänger aus dem 20. Joerhonnert, war vu sengem direkte Virgänger zum Kardinol ernannt ginn.
Commons: Paul VI. (Poopst) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger | Nofollger | |
---|---|---|
Johannes XXIII. | Lëscht vun de kathoulesche Peepst | Jean-Paul I. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.