Paul Herget
US-amerikanesche Astronom / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paul Herget, gebuer den 30. Januar 1908 zu Cincinnati, Ohio, an och do gestuerwen de 27. August 1981, war en US-amerikaneschen Astronom.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Paul Herget | |
---|---|
Gebuer |
30. Januar 1908 Cincinnati |
Gestuerwen |
27. August 1981 Cincinnati |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vun Cincinnati |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | National Academy of Sciences |
Zoumaachen
Hien huet Astronomie op der University of Cincinnati am US-Bundesstaat Ohio studéiert. 1947 initiéiert hien do d'Grënnung vum Minor Planet Center, dat hie bis zu senger Pensioun am Joer 1978 geleet huet. Nom Krich gouf hien Direkter vum Cincinnati Observatory.
Hie war och Pionéier an der Uwennung vu Rechemaschinne fir d'Léisung vu wëssenschaftlechen an astronomesche Problemer (z. B. der Berechnung vun Ephemeride fir Asteroiden). Wärend dem Zweete Weltkrich huet hien déi Fäegkeeten ausgenotzt, fir feindlech U-Booter duerch Methode vun der sphärescher Trigonometrie opzesichen.