Observatoire vu Paräis
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paräisser Observatoire, gouf 1667 vum Louis XIV. gegrënnt a gehéiert zanter dem 17. Joerhonnert zu de renomméierte franséische Fuerschungsplaze fir Astronomie. De bekannten Architekt Claude Perrault huet e gebaut, et ass deen eelsten Observatoire vun der Welt, deen nach a Betrib ass. Haut huet den Observatoire zwou Bausseplazen, den Observatoire vu Meudon an deen zu Nançay. 800 Mataarbechter si beschäftegt.
- Metrosstatioun: Denfert-Rochereau a Saint-Jacques.
- RER-Statioun: Port-Royal.