lëtzebuergesch Baach From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Péitruss ass eng Baach an de Gemenge Stad Lëtzebuerg, Bartreng an Dippech. Si huet hir Quell am Dippecherbësch op enger Héicht vun 345 Meter a leeft vu do un no Osten fir am Gronn op enger Héicht vun 245 m an d'Uelzecht ze lafen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Péitruss. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Péitruss (Homonymie). |
D'Péitruss op der Helfenter Bréck | |
An anere Sproochen |
fr: Pétrusse de: Petruss |
---|---|
Längt | 12,7 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz |
Dippecherbësch Gemeng Dippech |
Héicht | 345 m |
Koordinaten |
49° 35’ 53’’ N 05° 59’ 34.9’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz | Gronn |
Héicht | 245 m |
Koordinaten |
49° 36’ 27.1’’ N 06° 08’ 14.4’’ O |
Haaptnieweflëss | Grouf, Aalbaach, Zéissenger Baach. |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften | Bartreng, Märel, Hollerech, Gronn |
Si ass 12.7 km laang an hir Niewebaache sinn d'Grouf, d'Albaach an d'Zéissenger Baach.
Den Numm kënnt vum laténgesche Wuert petrosus[1], wat op déi vill Steng (Lat.: petra[2] = Fiels, Steen) hiweist, déi viraals am Laf vun der Péitruss (rivus petrosus[3] an alen Dokumenter) ze fanne waren.
Bei der Administration de la gestion de l'eau huet d'Péitruss de Code N° 555.
Op hirem Wee duerch d'Stad leeft si duerch deen no hir genannte Péitrussdall, deen d'Uewerstad vum Garer Quartier trennt. Iwwerspaant gëtt dësen Dall vun zwou Brécken, der Aler Bréck an der Neier Bréck. Allgemeng gëtt deen als Park ugeluechte Péitrussdall „an der Péitruss“ genannt.
Vun Hollerech u fléisst d'Péitruss zanter 1933 an engem kënschtleche Bett, dat sou gebaut ass datt bei Nidderegwaasser just e Kullang mat Waasser gefëllt ass a bei Héichwaasser dat ganzt Bett. Beim Ofhuele vum Waasserspigel bleiwe keng Sedimenter leien, mä alles fléisst zeréck an de Mëttelkullang a gëtt mat weidergeholl.
Nieft dem Flossbett sinn nach Reschter vun der sougenannter Bourbons-Schleis[4] ze gesinn, déi 1728 gebaut gouf, fir den Dall iwwerschwemmen ze kënnen, am Fall wou d'Stad ugegraff géif.
Zanter enger Rei vu Joren hu Pläng bestanen, fir eng 20 Milliounen Euro d'Bett ze renaturéieren an d'Uwänner mat de Weeër nei unzeleeën[5]. De Projet vun enger Renaturéierung gouf den 8. Juli 2019 vum Stater Gemengerot ugeholl.
Dës Pläng gesi vir, d'Aarbechten an zwou Phasen ze maachen[6]:
Am Péitrussdall gouf 2016 de Skatepark Péitruss amenagéiert. Tëscht 2014 an 2020 ass en Zichelchen, d'Péitrussbunn, do gefuer.
Commons: Péitruss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.