Otto Dix
däitsche Moler a Graphiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wilhelm Heinrich Otto Dix, gebuer den 2. Dezember 1891 zu Untermhaus, haut e Quartier vu Gera, a gestuerwen de 25. Juli 1969 zu Singen (Hohentwiel), war en däitsche Moler a Graphiker.
Otto Dix | |
---|---|
Gebuertsnumm | Wilhelm Heinrich Otto Dix |
Gebuer | 2. Dezember 1891 |
Gestuerwen |
25. Juli 1969 Singen (Hohentwiel) |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Moler, Esperantist, Universitéitsprofesser, Zeechner, Sculpteur, Graveur, Graphiker, visuelle Kënschtler |
Member vun | Akademie der Künste der DDR |
Hien ass bekannt fir seng realistesch-haart a graff Duerstellung vun der Gesellschaft vun der Weimarer Republik a vum Éischte Weltkrich. Zesumme mam George Grosz, gëtt hien zu de wichtegste Representante vun der Neue Sachlichkeit gezielt. Och wann den Dix eng breet Pallett vu Stiler benotzt huet, si seng Wierker vun der Tendenz hier realistesch.
Hien huet méi wéi 6.000 Zeechnungen a Skizzen hannerlooss. E groussen Deel dovu sinn am Kunstmuseum Stuttgart an am Museum Gunzenhauser zu Chemnitz, sou wéi an der Galerie Albstadt.
Vun 1927 bis 1933 war den Dix Professer op der Kunstakademie Dresden. An der Nazi-Zäit huet e seng Plaz verluer; seng Wierker goufen als "entartet" ("degeneréiert") diffaméiert an hunn net méi däerfen ausgestallt ginn, an hien huet sech misse mat Landschaftsmolerei iwwer Waasser halen.