![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d1/Flag_of_OPEC.svg/langlb-640px-Flag_of_OPEC.svg.png&w=640&q=50)
Organization of the Petroleum Exporting Countries
Organisatioun vun de Länner déi Pëtrol exportéieren / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'OPEC, Organization of the Petroleum Exporting Countries - Organisatioun vun de Länner déi Pëtrol exportéieren, gouf op enger Konferenz am September 1960 zu Bagdad gegrënnt. D'Grënnungslänner waren den Irak, Iran, Kuwait, Saudiarabien a Venezuela.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d1/Flag_of_OPEC.svg/320px-Flag_of_OPEC.svg.png)
Spéider hu sech sechs weider Staaten ugeschloss: Katar (1961), Indonesien (1962), Libyen (1962), d'Vereenegt Arabesch Emirater (1967), Algerien (1969) an Nigeria (1971). Ecuador war vun 1973 bis 1992 Member an de Gabun vun 1975 bis 1994.
Zanter 1965 huet de Kartell säi Sëtz zu Wien.
D'OPEC-Memberstaate fërderen zirka 40 % vun der weltwäiter Pëtrolsproduktioun a verfügen iwwer dräi Véirel vun de weltwäite Pëtrolsreserven. Allerdéngs vermudde verschidden Experten, ë. a. de Matthew Simmons), datt d'Donnéeen iwwer d'Reserven zum Beispill vu Saudiarabien net zoutreffen. Nodeem all Net-OPEC-Staaten hire Fërdermaximum "Peak-Oil" iwwerschratt hunn, ass z'erwaarden datt den Afloss vun der OPEC steige wäert. Ënner den 10 gréisste Pëtrolsfërderer weltwäit sinn nëmme Saudiarabien, Iran, Venezuela an d'VAE Member an der OPEC.