From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Liewewiese si materiell Objeten op organesch-cheemescher Basis, déi duerch e Saz vu Kennzeeche beschreifbar sinn, déi als noutwenneg fir d'Liewe betruecht ginn. E Liewewiesen gëtt och en Organismus genannt.
Liewewiesen | ||
---|---|---|
Klassesch Klassifikatioun | ||
| ||
Domäner | ||
Liewewiese stamen ëmmer vun anere Liewewiesen of (mat Ausnam vum eemolegen Entstoe vum Liewen).
D'Biologie befaasst sech wëssenschaftlech mat alle bekannte Liewewiesen, hiren Ofwandlungen a Virleefer.
Eent vun de wichtegste Kennzeeche fir d'Liewewiesen ënnereneen z'ënnerscheeden ass den Opbau vun hiren Zellen. D'Prokaryota hu meeschtens kee richtegen Zellkär an eng einfach Struktur. D'Eukaryota hu minimum een echten Zellkär, e komplizéierte Membransystem an ënnerschiddlech Zellorganellen.
Mat der geneeër Andeelung an de Verwandschafte beschäftegt sech d'Systematik an d'Taxonomie.
Commons: Organisms – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.