Olympesch Wanterspiller 2006/Rennschlitt
From Wikipedia, the free encyclopedia
Bei den XX. Olympesche Wanterspiller 2006 zu Turin gouf et dräi Concoursen am Rennschlitt. All d'Concourse waren zu San Sicario an der Gemeng Cesana Torinese, eng 97 Kilometer westlech vun Turin. D'Bunn Cesana Pariol ass 1435 Meter laang, huet 19 Kéieren an eng Héichtendifferenz vun 114 Meter; vun der Vitess hier kënne Spëtzte vun 130 km/h erreecht ginn.